Aktuelles
Covid-Mesuren: punktuell Upassungen
Déi aktuell Covid-Mesurë bleiwe vum 16. Juli bis de 14. September bestoen: et sollen awer punktuell Upassunge vun de Reegele kommen, dat hunn de Vize-Premier Dan Kersch an d'Gesondheetsministerin nom Regierungsrot ugekënnegt. D'Chamber muss dat néidegt Gesetz d'nächst Woch nach stëmmen.Trotz de rezent erëm méi héijen Zuele vun Nei-Infektiounen, hätt d'Regierung keng "revolutionär Decisioune" geholl, esou den Dan Kersch. De System vum Covid-Check géif an der Reegel klappen, et géif awer ëmmer e Reschtrisiko bleiwen, huet d'Paulette Lenert erkläert. E Bäitrag vum Serge Kesseler