arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Agrar-Accord: Och a Frankräich gëtt et gemëschte Reaktiounen
No laangen an zéie Verhandlunge gouf virun zwou Wochen een Accord iwwer d'Zukunft vun der europäescher Agrarpolitik erreecht. Zu Lëtzebuerg huet sech zwar de Landwirtschaftsminister zefridden domat gewisen. Kritik koum awer vu Bauereverbänn a vun Ëmweltorganisatiounen. Dat gesäit an deem Land, datt am meeschte vun EU-Agrarsubventioune profitéiert, nämlech Frankräich, net vill aneschters aus. Och do si weder d'Biobaueren nach déi, déi konventionell schaffen, ganz frou mam Accord. D'Loreline Merelle mat engem Stëmmungsbild aus franséische Kreesser.