arrow_back_ios
Aktuelles
Risiko Héichwaasser
Privatpersounen a Gemengen kënnen an Zukunft staatlech Subsiden ufroen, fir Mesuren géint Iwwerschwemmungen ëmzesetzen. Dat geet aus der leschter Versioun vum Héichwaasserrisiko-Managementsplang ervir. Dem Ëmweltministère no geet et nieft dem Wanterhéichwaasser och ëm sougenannte Staarkreen-Evenementer. Dofir gouf och analyséiert, wou de Risiko am gréissten ass. De Jean-Claude Franck informéiert.