arrow_back_ios
Aktuelles
Meeschtgesichte belsche Staatsfeind huet sech d'Liewe geholl
Fënnef Wochen no sengem Verschwanne gouf de Jürgen Conings dëse Sonndeg erëmfonnt. De Kaperol, deen de Virolog Marc Van Ranst a seng Famill bedrot hat, hätt sech um Ufank vu senger Flucht d'Liewe geholl. Domat sinn déi massiv Recherchen an de Plan terrorisme eriwwer, mee et bleiwen eng Rei Froen, virun allem wat d'Dysfonctionnementer bei der belscher Arméi uginn. Detailer mat eisem Korrespondent, dem Georges Kohnen.