Europa Aktuell
Wéi gréng ass de Green Deal a wéi deier gëtt en?
Wéi soll de Green Deal, also d'Klimaschutz-Politik vun der EU, effektiv ëmgesat ginn? Wéi gréng ass se iwwerhaapt, a wat kascht duerno deen ambitiéise Projet? D'Europäesch Kommissioun wäert an zwou Wochen ee ganze Pak Gesetzesproposen op den Dësch leeën.
De Frans Timmermans, den EU-Kommissär, dee fir de Green Deal zoustänneg ass, stoung de Journalisten a Journalistinnen aus dem Radios-Reseau Euranet Plus, zu deem och den 100,7 gehéiert, Ried an Äntwert. D'Danièle Weber mat engem Resumé vun deem Gespréich.