arrow_back_ios
Aktuelles
Héich Zuel vun Antikierper bei 33 Prozent vun der Populatioun
Wat méi Leit géint de Coronavirus geimpft sinn, wat an der Populatioun méi eng grouss Immunitéit géint de Virus entsteet. Fir déi Immunitéit ze moossen ginn am Kader vum Large-Scale-Testing och serologesch Tester - also, Antikierpertester, gemaach.
De Pierre Reyland huet beim Haaptresponsabelen fir d'Testcampagne bei der Santé, dem Thomas Dentzer, nogefrot: Wéi funktionéieren déi Antikierpertester? Wat sinn d'Resultater bis elo? A wat seet dat iwwer d'Immunitéit géint de Coronavirus zu Lëtzebuerg aus?