arrow_back_ios
Aktuelles
NATO-Sommet: China wier e konstanten Defi
Um NATO-Sommet zu Bréissel hunn déi 30 Staats- a Regierungscheffen deklaréiert, datt China e konstanten Defi fir d'Sécherheet ass. De staarke Langage vis-a-vis vu Peking refletéiert dem US-President Joe Biden säi Message, deen hie wärend senger éischter Europarees ëmmer nees benotzt huet. D'NATO-Memberlänner hu gëschter och Russland ferm kritiséiert. Et war den éischte Sommet vun der transatlantescher Allianz vum Biden.
Detailer vun eisem USA-Korrespondent Philip Crowther, dee beim Biden senger Rees dobäi ass.