arrow_back_ios
Aktuelles
Belsch: 9. Juni, Dag vun der Befreiung
60 Prozent vun der belscher Populatioun iwwer 18 Joer huet mëttlerweil op d'mannst eng éischt Dosis vun engem Impfstoff géint de Covid-19 kritt, dat sinn 48 Prozent vun der gesamter Bevëlkerung. D'Belsch huet sech an de leschte Wochen op déi éischte Plaz an Europa gehuewen, wat d'Vaccinatiouns-Vitess ugeet. Manner wéi 750 Patiente sinn nach an der Klinik. Domat waren all Bedéngungen erfëllt, fir datt déi meeschte Restriktioune konnten opgehuewe ginn.
Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen