Aktuelles
Henri Kox: "Mir sollten déi néideg Rou behalen"
De Sträit ronderëm d'Karriäre bei der Police no der Police-Reform vun 2018 beschäftegt nach ëmmer d'Geriichter.
Well si sech vis-à-vis vun anere Staatsbeamte benodeelegt fillen, hate ronn 120 Police-Beamte mat Secondaires-Diplomer virum Verwaltungsgeriicht géint de Staat geklot. Si fuerderen de Reklassement an eng méi héich Karriär.
Fënnef Pilot-Affäre wiere plaidéiert ginn, esou d'Affekotin Me Carole Hartmann dës Woch op eis Nofro hin. Mat Urteeler géif si awer eréischt Enn vun dësem Joer rechnen. De Minister fir Bannesécherheet Henri Kox wëllt d'Urteeler ofwaarden: hie wéisst awer nach net, ob da misst gehandelt ginn.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.