arrow_back_ios
Aktuelles
Den Joe Biden ass a Groussbritannie gelant
Den US-President Joe Biden ass fir d'éischte Kéier zanter dem Ufank vu sengem Mandat am Ausland ukomm. Hien ass elo zu Cornwall, a Groussbritannien, virum Sommet vun de G7-Länner an engem Luxus-Hotel am südwestlechsten Deel vum Land. Hei soll iwwer eng weltwäit Impfstrategie diskutéiert ginn. Mee fir den Joe Biden geet et och drëms d'Trump-Joren iergendwéi op der internationaler Bün vergiessen ze loossen.
Eisen USA-Korrespondent ass mat op der Rees vum amerikanesche President an huet eis dës Detailer vu Cornwall geschéckt.