Aktuelles
Grousse Reformbedarf am Gesondheetswiesen
Am Kader vum Gesondheetsdësch gouf déi lescht Méint iwwer d'Stäerkten a Schwächte vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem diskutéiert. A sechs Aarbechtsgruppen hu sech d'Vertrieder aus dem Secteur ënner anerem mat den Theeme Personalmanktem, Finanzement, an dem Zesummespill tëschent Spideeler an der medezinescher Offer baussent de Spideeler beschäftegt. Bis Enn des Joers wëllt d'Gesondheetsministerin en nationale Gesondheetsplang virleeën.
Datt villes kéint verbessert ginn, et gëtt Reformbedarf am Gesondheetswiesen, dat war de Constat e Samschdeg an eiser Emissioun Riicht eraus. Ënner anerem envisagéiert d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert Ännerungen um Finanzéierungssystem, ee legale Kader fir déi ambulant Versuergung a vläicht och eng méi systematesch Remuneratioun fir d'Garden an de Spideeler. D'Pia Oppel resuméiert.