arrow_back_ios
Aktuelles
Den Ufank vun engem schwéiere Prozess
De Kanada steet nach ëmmer ënner Schock eng Woch no der grujeleger Decouverte vun den Iwwerreschter vun iwwer 200 Kanner an engem fréieren Internat an der Provënz British Columbia. Ëmmer méi Stëmmen, dorënner d'UN-Mënscherechtskommissioun, appelléieren un de Kanada fir ee fir alle mol Liicht an dëst däischtert Kapitel vu senger Geschicht ze bréngen. Des Decouverte kéint nämlech just d'Spëtzt vum Äisbierg sinn. De Reportage vum Yascha Wecker aus Kanada.