Aktuelles
Paiement immédiat direct vs. Tiers payant généralisé
De " Paiement immédiat direct " gouf virun zwou Wochen annoncéiert, fir datt d'Patienten bei den Dokteschrechnungen just nach hir Participatioun mussen bezuelen, net déi vun der CNS. Den " PID " wier fir d'Patienten dat nemlescht, wéi den Tiers payant généralisé, esou d'Verspriechen, vun der CNS an virun allem den Dokteren. D'Patientevertriedung ass dovun net iwwerzeegt. An wann et dat nemlescht ass, wéi kënnt et dann datt d'Dokteren elo d'accord sinn? Schliesslech waren se géint den Tiers payant généralisé, deen bei der Petitioun 2017 iwwert 7000 Ënnerschrëften kritt hat, an d'LSAP bei de Walen 2018 versprach hat, Stuerm gelaf sinn?