arrow_back_ios
Aktuelles
Beim Notaire gëtt geschwënn digital ënnerschriwwen
E Besuch beim Notaire ass dacks mat wichtege Liewensentscheedunge verbonn: Egal op een en Haus wëllt kafen, eng Firma wëllt grënnen, oder e Contrat de Mariage opstellen - all des Akten mussen offiziell vun engem Notaire festgehal ginn. Mee geschwënn brauch een dofir villäicht net méi onbedéngt bei engem Notaire laanscht ze goen. Firwat dat esou ass, erkläert de Rick Mertens.