arrow_back_ios
Aktuelles
Däitschland: Lieferkettengesetz kënnt
Déi däitsch Regierungsparteien hunn sech gëschter no laangem Hin an Hier op e sougenannt "Lieferkettengesetz" gëeenegt. Dëst gesäit vir, datt däitsch Entreprisen bei hiren Handelspartner kontrolléieren, ob Mënscherechter an Ëmweltschutzstandarden agehale ginn. D'Politik wéist sech erliichtert, bei der Wirtschaft an den ONG'en gesäit et awer anescht aus.