arrow_back_ios
Aktuelles
Homes for Luxembourg op der Architektur-Biennale zu Venedeg
" How will we live together?" , "wéi wäerten mer zesummen liewen?" - dat ass den Titel vun der 17. Architektur-Biennale, déi lëschte Weekend zu Venedeg opgaangen ass. De Studio SNCDA vun der Architektin Sara Noel Costa De Araujo, déi vum Luxembourg Centre for Architecure als Curatrice delegéiert gouf, beäntwërt déi Fro mat mobilen Holz-Modulen. An trëfft domat den Nerv op der Biennale.