Aktuelles
Grupp Post 2020: manner Benefice
3 min
De Grupp Post huet d'Joer 2020 mat engem Netto-Benefice vu ronn 36 Milliounen Euro ofgeschloss: dat ware fënnef Prozent manner wéi 2019. Beim operationelle Resultat war eng Baisse vu 16 Prozent.
D'Post huet dem Staat 14 Milliounen Euro Dividenden iwwerwisen.
D'Post wier kee Gewënner vun der Corona-Kris, esou de President Serge Allegrezza bei der Presentatioun vun den Zuelen. Mee de Grupp géif sech als eng "activité essentielle" gesinn.
D'Zuel vun de Bréiwer ass 2020 ëm 10 Milliounen zréck gaangen, op 116 Milliounen. Bei de Päck war et e Plus vu 47 Prozent op 6,1 Milliounen. Strukturell Problemer ginn et am Finanz-Métier bei der Post: dowéinst dierfte vum Hierscht un och Clientë mat manner wéi enger Millioun Euro um CCP negativ Zënse musse bezuelen, esou de Generaldirekter Claude Strasser.