Vum Aarbechter ob Arbed-Diddeléng engagéiert sech de Nic Biever an der Gewerkschaft "Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband" LBMV, gëtt haaptamtleche Sekretär a vun 1938 de President vun der Gewerkschaft. Hien war och politesch aktiv, war am Diddelénger Gemengerot a vum 1. Mäerz 1925 bis zu sengem Dout als Deputéierten vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei an der Chamber an e puer Joer laang Aarbechtsminister a verschiddene Regierungen. De Nic Biever stierft de 15. Juli 1965.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
virun 127 Joer gouf de Nic Biever gebuer
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.