Aktuelles
Zukunft vu Guardian: OGBL ass optimistesch
Den Onofhängege Gewerkschaftsbond begréisst d'Decisioun vum Glasproduzent Guardian, fir een neien Uewen zu Käerjeng ze bauen. Wéi Vertrieder vum US-Konzern gëschter zesumme mam Wirtschaftsminister Franz Fayot annoncéiert hunn, soll eng héich zweestelleg Milliounenzomm investéiert ginn. De Produktiounssite vu Guardian zu Diddeleng bleift definitiv zou. Nom Ofbau zejoert vun 200 Aarbechtsplaze schaffen den Ament nach eng 400 Leit fir Guardian zu Lëtzebuerg - an dat soll och esou bleiwen, mengt den Alain Rolling vum OGBL am Gespréich mam Pia Oppel.