Éier ee beim Josquin des Prés iwwerhaapt emol iwwer d'Musek schwätzt, muss ee sech duerch d'Genealogie vum Komponist wullen - eng echt Detektivaarbecht fir d'Musikologen. Historesch Dokumenter verrode wéineg iwwer d'Jugend vum Josquin, deen offensichtlech als Bouf säi Papp verluer hat a bei engem Monni opgewuess ass. Seng éischt musikalesch Erfarung huet de Josquin als Sänger an der Kierch zu Saint-Quentin gesammelt.
arrow_back_ios