Aktuelles
Fleegeversécherung: "Ganz grouss Zefriddenheet"
Eng 15.000 Leit profitéieren de Moment vun der Fleegeversécherung: zwee Drëttel vun de Persoune liewen doheem an een Drëttel a Fleegestrukturen. D'Depensë pro Joer leie bei ronn 700 Milliounen Euro.
Dës Zuelen huet de Sozialminister Romain Schneider genannt, bei der Presentatioun vun Elementer vum éischten nationale Rapport vun der Administration d'évaluation et de contrôle de l'assurance dépendance fir d'Joren 2018 an 2019.
D'Fleegeversécherung, déi et zanter 1999 gëtt, an déi 2018 reforméiert gouf, iwwerhëlt d'Käschte fir d'Hëllefen an d'Soine vun de Beneficiairen. Detailer vum Serge Kesseler.