arrow_back_ios
Aktuelles
Versailles ouni Touristen
Mat iwwer aacht Millioune Visiteuren d'Joer ass Versailles dat am meeschte besichtent Schlass an Europa. Wéinst den aktuelle Corona-Restriktiounen ass d'Schlass den Ament fir de Public gespaart. Mee den 800 Hektar grousse Park hannendrun net. D'Paräisser kommen dowéinst reegelméisseg wärend dem sonnege Fréijoer an de Park vum Louis XIV - an dat ouni d'Touristen.
Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn huet zu Versailles e puer Impressioune gesammelt.