Europa Aktuell
Spuenien: Plan de relance soll 800.000 Aarbechtsplaze bréngen
Wat maachen d'EU-Länner mat de Suen, déi si vu Bréissel kréien, fir d'Suitte vun der Corono-Kris opzefänken? Suite vun eiser Serie, wou mer de spuenesche Plan de relance ënner d'Lupp huelen.
Mat 140 Milliarden Euro ass Spuenien dat EU-Land, dat am zweet meeschte Suen aus dem EU-Antikrisefonds kritt. D'Hallschent dovu si Subsiden. D'Regierung versprécht konkret Resultater, d'Sue ginn dréngend gebraucht, an engem Land, wou den PIP zejoert ëm eelef Prozent ofgegoll huet.
Vu Barcelona mellt sech d'Aurélie Chaumerois.