arrow_back_ios
Aktuelles
Pressefräiheet: Och Demokratië goufe méi autoritär
Haut ass den internationalen Dag vun der Pressefräiheet. An déi ass, wéinst der Corona-Pandemie, méi wéi jee a Gefor, seet d'ONG Reporter Ouni Grenzen an hirem Joresbilan 2020 iwwer d'Pressefräiheet. Vill Länner hätten d'Pandemie ausgenotzt fir nach méi repressiv ze ginn. Mee och a verschiddenen EU Länner, dorënner Däitschland, hätt et vill Attacke géint Journaliste ginn. De Pierre Reyland huet mat der Rubina Möhring doriwwer geschwat. Si ass Presidentin vu Reporter Ouni Grenzen an Éisträich.