arrow_back_ios
Aktuelles
Belsch: D'Anti-Covid-Impfung spléckt Flanderen an d'Wallonie
De flämesche Premierminister Jan Jambon huet dëse Sonndeg op der Televisioun gemengt, wann den Impf-Virspronk vu senger Regioun sech géif confirméieren, da missten och do d'Restriktiounen als éischt opgehuewe ginn. Eng Remark, déi bei de wallounesche Politiker guer net gutt ukomm ass. "Communautariser la crise sanitaire est lamentable", huet de President vun de frankophone Liberale gemengt.
Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen