arrow_back_ios
Aktuelles
Handwierker wëllen iwwer Präisupassunge schwätzen
Wéinst der grousser Knappheet beim Baumaterial - vun Holz bis Stol oder Plastik - wëllt d'Handwierkerfederatioun elo mam Bauteminister François Bausch iwwer eng méiglech Präisrevisioun bei ëffentleche Projete verhandelen. Mee och privat Bauhäre kéinten an den nächste Méint den Impakt vun der aktueller Situatioun ze spiere kréien: sief et beim Präis oder den Delaien. Dat Schlëmmst wat elo am Bausecteur kéint passéieren, wier ee Schnéiball-Effekt, heescht et vun der Handwierkerfederatioun. E Bäitrag vum Christiane Kleer.