arrow_back_ios
Aktuelles
Déi flämesch sozialistesch Partei ännert hiren Numm
"Vooruit", "no vir" wëllt de President vun de flämesche Sozialiste seng Partei bréngen. De Conner Rousseau ass am September 2019 mat 26 Joer dee jéngste belsche Parteipresident ginn. An esou schlecht wéi bei de Wale vun 2019 war et der sozialistescher Partei nach ni gaangen. A 15 Joer ware si vun iwwer 25 Prozent op manner wéi 10 Prozent vun de Wielerstëmme gefall. D'Partei brauch also en neien Otem. Detailer mat eisem Korrespondent Georges Kohnen