arrow_back_ios
Aktuelles
Annulatioun vum Berliner Mietendeckel
Gëschter (15.4.) hat dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht de sougenannte Berliner Mietendeckel gekippt an domadder fir vill Diskussioun a Frustratioun gesuergt. An der däitscher Haaptstad fäerten elo vill Locatairen ëm hir Wunneng a fuerderen, datt d'Bundesregierung elo agräift. D'Enn vum Berliner Mietendeckel kéint den Ufank fir eng bundeswäit Mesure sinn, mengt eisen Korrespondent zu Berlin, de Max Tholl.