Aktuelles
Bis zu 120.000 Selbsttester pro Woch fir d'Schoulpopulatioun
Bis zu 120.000 Corona-Selbsttester solle vun e Méindeg un all Woch bei alle Schüler, Enseignanten an Educateure aus de Schoulen a Maisons relaise gemaach ginn: dat huet de Claude Meisch gëschter ugekënnegt, bei der Presentatioun vun den Detailer vun dëser Campagne fir fräiwëlleg Auto-Tester. Dës Zort vun Tester wieren dem Educatiounsminister no "extreem zouverlässeg". Si sollen hëllefe méi e geneet Bild vun der Situatioun ze kréien, fir Infektiounen an eventuell Clusteren an de Schoule fréi kënnen ze entdecken.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.