arrow_back_ios
Aktuelles
Belsch: eis Noperen hiewen Covid-Moossnamen op
Knapps 950 Patiente leien nach op Intensivstatiounen an der Belsch, mee d'Situatioun verbessert sech. 21 Prozent vun den Leit iwwer 18 Joer hunn op d'mannst eng Dosis vun engem Impfstoff kritt, an et gouf an de leschte Wochen Drock, fir datt eng Rei Moossname sollten annuléiert ginn. Dëse Méindeg ginn d'Schoulen no der Ouschtervakanz erëm op, d'Reesverbuet gëtt opgehuewen, an den 8. Mee ginn d'Terrassen erëm op. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen