arrow_back_ios
Aktuelles
CNPD kritiséiert Projet fir Police-Fichier
D'Dateschutzkommissioun CNPD ass a ville Punkte kritesch, wat de Projet de Loi ugeet, fir de Fichier central vun der Police ze encadréieren. Den Accès vun der Police géif mam Projet op d'Datebanke vun aneren Administratiounen ausgebaut ginn. Och déi aner Fichiere vun der Police bräichten eng spezifesch gesetzlech Basis. An d'Konsultatiounsmotiver misste kloer novollzéibar sinn - wat am Projet de loi net virgesinn ass. D'Michèle Sinner mat Hannergrënn