arrow_back_ios
Aktuelles
Gesetzesprojet 100,7: EBU gëtt positiven Avis, mee och Kritik
D'EBU, d'European Broadcasting Union, bewäert de Projet de loi fir den ëffentlech-rechtleche Media 100,7 am grousse Ganze positiv. Dat Gesetz gouf am Januar an der Chamber deposéiert. Der EBU no géif domat e grousse Schratt geholl, fir déi editorial Onofhängegkeet gesetzlech ze verankeren an de Finanzement ofzesécheren. Allerdéngs geet der EBU, der Unioun vun den ëffentlech-rechtlechen Sendeanstalten, de Projet op verschiddene Punkten net wäit genuch.