arrow_back_ios
Aktuelles
27 Joer nom Massaker vun de belsche Blohelmer am Ruanda
Um Joresdag vum Massaker vun de belsche Blohelmer am Ruanda, déi de 7. Abrëll 1994 vun Zaldote vun der Hutu-Majoritéit ermort goufen, gedenkt d'Belsch all Joer senge Veteranen, 252 Militär, déi am Kader vun humanitären oder Friddensmissiounen ëmkoumen. Dëst Joer goufen d'Zeremonien allerdéngs wéinst der sanitärer Situatioun op e Minimum reduzéiert, an dat ouni d'Famille vun den Affer. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen.