An Ungarn, haut op den Dag virun 174 Joer gebuer, wandert de Joseph Pulitzer 1864 iwwer Boston an d'USA fir am Sezessiounskrich ze kämpfen. Hie kritt déi amerikanesch Nationalitéit, gouf 1869 als Member vun der Republikanescher Partei an d'Parlament vu Missouri gewielt an 1885 als Deputéierten an d'US-Representantenhaus. De Pulitzer war Journalist an Editeur, huet am Ufank vu senger Karriär de Sensatiounsjournalismus mat Erfolleg etabléiert, ass awer spéider eriwwer gaangen op den investigative Journalismus, duerch dee vill Skandaler an den USA opgedeckt konnte ginn. De Joseph Pulitzer stierft den 29. Oktober 1911. A sengem Testament huet hien enger Stëftung zwou Milliounen Dollar iwwerdroe fir eng Journalisteschoul ze grënnen. Dës Stëftung vergëtt zanter 1917 all Joers de renomméierte Pulitzer-Präis fir Journalisten.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 174 Joer koum de Joseph Pulitzer op d'Welt
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.