arrow_back_ios
Commentaire
Awer net prett!
A Frankräich ass wéinst héije Covid-Infektiounszuelen zanter dem 6. Abrëll nees Unterrecht op Distanz ugesot. Mee obwuel d'Pandemie elo schonn ee Joer amgaang ass, waren déi digital Léier-Plattformen zum Deel iwwerlaascht - mam Resultat, datt deen éischten Homeschooling-Dag fir vill Schüler ausgefall ass.
E Fiasko, deen de franséische Bildungsministère ze veräntwerten huet, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.