Aktuelles
"Ee monumentalen Defi"
Ob d'CSV sech bis zu den nächste Wale vun hirer Identitéitskris erhëlt, ass fir de Politolog Philippe Poirier nach net kloer. Eng Upassung un de gesellschaftleche Wandel an eng staark Perséinlechkeet als Spëtzekandidat oder Spëtzekandidatin wieren dofir néideg. Fir d'Dräierkoalitioun géif ee weideren Echec vun der CSV bedeiten, datt se trotz hiren Divergenze kéint weider regéieren. A wichtege Beräicher wéi der Steier- a Logementspolitik wieren d'DP, d'LSAP an déi gréng sech awer net eens. D'Pia Oppel mat engem Resumé vun der Emissioun Riicht eraus vun leschtem Samschdeg