arrow_back_ios
Aktuelles
En drëtte Lockdown an der Belsch
En drëtte Lockdown, dat huet déi belsch Regierung dëse Mëttwoch decidéiert. Wärend véier Woche soll d'Land am Ralenti funktionéieren, mat Schoulen, déi haut den Owend eng Woch virun der Ouschtervakanz zoumaachen, an dem Zoumaache vun allen net-medizinesche Kontaktberuffer wéi zum Beispill Coifferen, déi hir Dieren eréischt virun engem Mount, no véier Méint Zousinn, konnten opmaachen.
Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, dem Georges Kohnen