Aktuelles
Afghanistan: Preparatioun op verstäerkten Taliban-Menace
Zwee Lëtzebuerger Zaldote sinn de Moment als Deel vun der Nato-Ausbildungsmissioun Resolute Support zu Masar-i-Scharif am Norde vun Afghanistan stationéiert: D'Feldlager steet ënner däitschem Kommando.
Den Afghanistan-Asaz war een Theema beim Aarbechtsbesuch vun der däitscher Verteidegungsministerin Annegret Kramp-Karrenbauer gëschter beim François Bausch hei an der Stad.
Schonn am Virfeld hat déi däitsch Ministerin gesot, datt d'Bundeswehr hir Protektioun am Norde vun Afghanistan verstäerkt, wéinst méiglecher neier Gewalt duerch déi militant-islamistesch Taliban.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.