arrow_back_ios
Aktuelles
Déi belsch Impfcampagne géint de Covid-19
Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland, Dänemark, Norwegen, Island a Bulgarie sinn nëmmen e puer vun de Länner, déi no enger Rei vu Bluttgerinsel bei geimpfte Persounen d'Benotze vum Astra-Zeneca Impfstoff op Äis leeën.
Eis Noperen an der Belsch halen awer weider um brittesche Produkt fest, wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun dat och recommandéiert. Detailer mat eisem Korrespondent an der Belsch, de Georges Kohnen.