arrow_back_ios
Klassik aktuell
Zwee Puer Schong?
Am Kader vun der Emissioun Musek am Gespréich huet sech de Marc Dostert ënner anerem iwwer Inkonsequenzen am Domän vum Chouergesang geiergert. Als Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral a vun der Chorale Mixte vum Stater Conservatoire ass hie mat zwou ënnerschiddleche Situatioune konfrontéiert. Wärend d'Maîtrise weiderhi prouwen dierf, ass den Ensembelgesang am Conservatoire ofgesot.
Wat stécht hanner dëser Situatioun? Wisou ginn et fir eng an déi selwecht Aktivitéit zwou verschidde Reegelen? De Luc Boentges huet nogefrot.