arrow_back_ios
Aktuelles
A 15 Minutten op der Asazplaz
D'Zil vum CGDIS a vun der Inneministerin ass et datt d'Rettungsequippen bannent 15 Minutten op der Asazplaz ukommen. Beruffspompjeeë sollen an de nächste Jore rekrutéiert ginn.
Fir dëst Zil ze erreechen gouf de PNOS, de nationale Plang fir d'Rettungswiesen ausgeschafft. 102 Gemenge kënne bannent den nächsten dräi Méint hiren Avis dozou ginn.