arrow_back_ios
Aktuelles
Covid-Impfung fir Kriibspatienten am CHEM
Zënter e Méindeg de Mëtteg ginn am Escher CHEM Kriibspatiente géint Covid-19 geimpft. De Centre hospitalier Emile Mayrisch ass domat dat éischt Spidol am Land, dat mat der Impfung vun där Kategorie vu vulnerabele Leit ugefaangen huet. Eng 650 Leit kommen do am Laf vun de nächste Wochen un d'Rei. De Maurice Molitor huet sech op der Plaz erkläre gelooss, wéi dat ganzt ofleeft.