arrow_back_ios
Commentaire
Gratis Menstruatiouns-Produite fir d'Studentinnen a Frankräich
Ob Binden oder Tamponen - Menstruatiounsproduite kaschten op d'Dauer deier. D'franséisch Regierung huet dowéinst d'lescht Woch eng nei Moossnam fir d'Studentinnen annoncéiert: Vun der nächster Rentrée u sollen op den Unien gratis Hygiènesproduiten distribuéiert ginn. E wichtegen, awer trotzdeem klenge Schrëtt a Richtung Gläichberechtegung, fënnt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn an der Auslands-Chronik.