arrow_back_ios
Aktuelles
Ambulant Medezin: D'Paulette Lenert well bis 2023 eng Léisung fannen
Hei am Land muss een net onbedéngt schwéier krank sinn, fir datt eng Visitt am Spidol néideg gëtt: Eng ganz Rei gängeg medezinesch Servicer, wéi Röntgen, oder IRMen, ginn am Moment nämlech just an de Klinicken ugebueden. Dat soll sech awer nach virun de nächste Wahlen änneren. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert wëllt de System bis dohin nei organiséieren. Dat sot si dem Rick Mertens e Samschden an eiser Emissioun Riicht Eraus.