arrow_back_ios
Aktuelles
Weltallrover Perseverance lant um Mars
Mat 20.000 Kilometer an der Stonn ass de Weltallrover Perseverance a Richtung Mars geflunn. Dobäi huet de Roboter en Erhëtzen op 1.300 Grad iwwerstanen, éier e gëschter Owend erfollegräich am Krater Jezero um Mars gelant ass.
Et war eng vun deene komplizéiertste Landungen, déi d'NASA bis elo vollbruecht huet. Entspriechend grouss war d'Erliichterung am Kontrollzentrum a Kalifornien. De Roboter soll elo wärend zwee Joer um roude Planéit no Spuere vu fréierem mikrobielle Liewe sichen.