Aktuelles
AstraZeneca: Impfstoff soll méi effikass ginn
Den Intervall tëschent der éischter AstraZeneca Impfung an der zweeter soll méi grouss ginn. Dës Woch nach wëllt de Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses hir iwwerschaffte Recommandatioune fir den Impfstoff vum brittesch-schweedesche Produzent publizéieren, heescht et op Nofro hin. Bis ewell leien tëschent där éischter an der zweeter Dosis hei am Land véier Wochen. Ugeduecht ass eisen Informatiounen no elo dësen Intervall op minimum aacht Wochen eropzesetzen. Dat wier eng gutt Decisioun, fënnt de Virolog Claude P. Muller am Gespréich mam Maxi Pesch.