Aktuelles
Méi Hëllefe fir eng Rei Betriber geplangt
D'Entreprisen, déi am stäerkste vun der Corona-Pandemie betraff sinn, solle méi staatlech Finanzhëllefe kréien: dozou gehéieren d'Betriber aus der Restauratioun. De Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) huet de Projet fir d'Upassunge gëschter presentéiert.
D'Aide Relance an d'Hëllef fir ongedeckte Käschte solle bis de Juni verlängert ginn. De Staat soll vun dësem Februar un déi komplett net-gedeckte Käschte vun deenen Entreprisen iwwerhuelen, déi vun enger Fermeture légale betraff sinn, oder déi wéinst de Restriktiounen op d'mannst 75 Prozent manner Ëmsaz gemaach hunn.
Detailer vum Serge Kesseler