Aktuelles
Bësch a schlechtem Zoustand: Grënn an eventuell Léisungen
D'Bëscher zu Lëtzebuerg sti wéinst dem Klimawandel weider ënner staarkem Drock. Wéinst deene méi waarmen Temperaturen an der Dréchent huet den Zoustand vum Bësch sech an de leschte Joren däitlech verschlechtert. Iwwer méiglech Léisunge fir d'Degradatioun vun de Bëscher ze bremsen goung et e Samschdeg (13.2.) an der Emissioun Riicht eraus um radio 100,7. Den Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung Frank Wolter, an de Roger Schauls vum Mouvement écologique waren d'Invitéen. De Pierre Reyland resüméiert déi wichtegst Aussoen.