arrow_back_ios
Aktuelles
WhatsApp an der Kritik
Déi néi Benotzungsbedéngunge vu WhatsApp wieren ee geféierlecht Spill, seet de Pascal Steichen vu Security Made in Luxembourg. Den annoncéierten Update géif den Austausch vu Metadonnéeë wéi Nimm am Adressebuch an Telefonéierverhalen tëschent WhatsApp a Facebook forcéieren. Alternativ Applikatioune wéi Signal an Telegram registréieren zanterdeem een immensen Zouwuess. De Pascal Steichen gesäit eng Tendenz a Richtung dezentral Systemer. Hannergrënn: Cyrille Hill