Aktuelles
Large-Scale-Testing Phas 1: ee Positive fir de Präis vun engem VW Golf
Déi drëtt Phas vum Large-Scale-Testing soll op d'mannst nach emol bal 43 Milliounen Euro kaschten a kann nach emol verlängert ginn. Da léich de Käschtepunkt fir déi Phas bei 64 Milliounen Euro an alles an allem géif den LST iwwer 160 Milliounen kaschten. Mat deem Budget, mengt den Infektiolog Gérard Schockmel, kéint een iwwer honnert Joer fir jiddwereent vun de véier Spideeler een Infektiolog bezuelen, deen op d'Spidolshygiène an d'Preventioun vu Krankheeten spezialiséiert ass. An een, dee Patienten mat Infektiounskrankheeten behandelt. Dat hu bis elo aus Käschtegrënn net all véier Lëtzebuerger Spideeler.
D'Michèle Sinner huet mat Gérard Schockmel iwwer Sënn an Onsënn vum Large-Scale-Testing geschwat.